background background

Betzder

Aktualitéiten

Notre travail au conseil municipal – traduction française

Our work in the municipal council – english translation

Eis Aarbecht am Gemengerot

Léif Awunner

Dir hutt 3 Representante vun der grénger Lëscht an der Gemengerot gewielt an dofir soe mir Iech Merci! Dat ass fir eis eng Éier, mee och Verflichtung. Dofir wëlle mer Iech vun elo un regelmässeg iwwert eis Aarbecht am Gemengerot um Lafenden halen. Dat maache mer gär mat engem INFO-Blat an op eiser WEB-Säit.

Infoblat Januar 2024

Mir hate elo 2 weider Sëtzungen säit dem läschten Infoblat, an zwar den 17. November an de 15. Dezember.

  • Mir bedaueren, dass d‘Gemeng d‘Ausschreiwung fir d‘PV Anlag net gewonnen huet, an de Projet domat am Moment net realiséiert gëtt. Sou gëtt eist Zil vun der Energie-Autonomie net erreecht. Mir hunn dem Schäfferot un d‘Häerz geluecht, de Projet virun ze dreiwen. Mir hunn och d‘Decisioun de Principe vum Gemengerot matgedroe fir d‘Wandenergie an der Gemeng weider ze bréngen.
  • Nei Cité Schleedewues zu Bierg: Mir hu Prezisioune gefrot iwwert d‘Rechter, d‘Flichten an d‘Konditioune vun den zukünftege subventionéierte Wunnengen. Mir sollen am nächste Gemengerot eis Äntwerte kréien.
    Op eis Nofro hi krute mir confirméiert dass de Bëschkirfecht zu Ruedt net aus dem Juegdlous erausgeholl gouf, a bei der Juegd wéi all Bëschgebitt behandelt gëtt. Mir hunn och gefrot fir de Bëschkierfecht méi am Respekt vun der Trauer vun den Hannerbliwwenen ze amenagéieren.
  • Règlement d’Ordre intérieur
    Dëse Punkt hu mir op den Ordre du Jour bäisetze gelooss. Mir sinn der Meenung, dass de Fonctionnement vum Gemengerot mat engen „Règlement d‘Ordre Intérieur“ soll gereegelt ginn.(Kommunikatioun vun den Decisiounen, Initiativrechter vun de Gemengeréit, droit de réponse,
    etc.). Mir hunn dem Schäfferot eng 1. Propose virgeluecht.
  • Repair-Café
    Mir bedaueren d’Ofsoe vum Repair-Café an denn Duercherneen deen domat entstan ass.

Mir hunn am Gemengerot och Froen un de Schäfferot gestallt:

  • Freedefeier fir Sylvester: Mir hu gefrot, dass d‘Freedefeierverbuet fir Sylvester net soll opgehuewe ginn, an dat wéinst de bekannten Nodeeler beim Ofbrenne vun esou Produiten. De Buergermeeschter huet eis geäntwert, hie wär sech der Nuisancë bewosst, hie géif d‘Verbuet awer fir 10 Minutten ophiewen, mee gläichzäiteg och en Appell machen op d‘Freedefeier ze verzichten, an de Leit vertrauen, dass si sech dru géifen halen. Mir sinn der Meenung dass een d‘Leit d‘nächst Joer soll ëm hir Meenung froen.
  • Green Event Chrëschtmart: Op eis Kritik hi, dass um Krëschtmart eng (defekt) Generatrice als Stroumquell fir en „Green Event“ onglécklech ass, huet de Buergermeeschter eis verséchert, dass déi néideg Infrastrukturaarbechte fir d‘zukünfteg Fester géife gemaach ginn.
    D’Maison des Jeunes Rued: Mir hunn eis dofir angesat, dass d‘Personal am Jugendhaus opgestockt gouf an dass hire Budget net durch d‘Botzkäschte belaascht gëtt, sou wéi dat och fir déi aner Associatiounen de Fall ass.
  • Landwirtschaft: Am neien Naturschutzgesetz muss all Exploitant 3 m vun all Flosslaf a Baach ewech bleiwen! Mir hu gefrot, op d‘Gemeng net ka proaktiv de Baueren hëllefen sech ggf. mat dëser Reegel konform ze setzen. Fir eis ass et eng wichteg Mossnam fir d‘Biodiversitéit ze erhalen.
  • Lotissement W&P zu Bierg: Mir hu gefrot, ob ët Probleemer mat de Waasser- a Kanaluschlëss am Lotissement W&P zu Bierg gëtt . Mir fäerten, dass op de Keefer Fraise vu bis zu 20.000.- € duerkommen.
    Mir hu gefrot fir dass d’Prozeduren, fir e Gemengesall ze reservéieren, solle vereinfacht a beschleunegt ginn an déi ganz Prozedure sollen online gemaach kënne ginn.

Infoblat Oktober 2023

Mir hate bis elo 2 Sëtzungen, an zwar den 22. September an de 6. Oktober. Zu folgende Punkten am Ordre du jour hu mir eis Meenung gesot:

  • Création des Commissions consultatives communales.
    • Elections des présidents de commission
    • Op eis Initiativ hi, bestëmmen elo d’Kommissioune sëlwer hire President, an net, wéi virgesinn, de Schäfferot.
    • Mir hunn eis géint d’Iddi ausgeschwat fir d’Finanzkommissioun  an d’Urbanismuskommissioun ze integréieren. Mir mengen dat sinn 2 verschidde Kompetenzen, déi vun deene jeeweilegen Experte solle beschafft ginn. Leider ass déi Propos net ugeholl ginn.
    • Mir waren och dogéint dass Sport, Kultur an Tourismus vun enger eenzeger Kommissioun ofgedeckt  gëtt. Mir brauchen e Maximum Interesséierter an all eenzelem Beräich. Eis Propose  fir  separat Kommissiounen ze maachen, ass net akzeptéiert ginn!
  • Nomination des délégués auprès des syndicats de communes (SIDERE, SIGRE, SIAEG, SIDEST, …)
    • Mir hunn eis Kandidatur fir all Syndicat gestallt, mee  leider huet d’politescht Spill gemaach, dass mer quasi a kengem kënne matschaffen. D’Majoritéit huet hir Leit eragewielt.
  • Création d’une „Corporate Identity“ 
    • Mir hunn deem Punkt e positive Vote ginn. Mir fannen eng koherent Kommunikatioun wichteg, mee mir hunn als Konditioun gesat, dass iwwert den Titel „Syrdall-Metropol“, deen d’Gemeng sech säit kuerzem selwer ginn huet, eeschthaft diskutéiert gëtt. 
  • Création d’un agent municipal
    • Mir hunn an dësem Punkt eisen Accord ginn, wëll mer mengen, dass dat zur Sécherheet an zum besseren Zesummeliewe ka bäidroën.
  • Relevé des Manifestations desservies par le « Event-Bus »
    • Mir hunn zesummen den Tableau vun de Manifestatiounen ausgeschafft, déi an Zukunft vum Event-Bus ugefuer ginn.
  • Bei enger ganzer Rei vu Punkten hu mer eisen Accord ginn. Dëst ware Konventioune mat Associatiounen, Kontrakter fir Terrainen ze kafen, an d’Prime Energie fir d’ Joer 2024 déi Bierger ënnerstëtzt, déi se brauchen.

Mir hunn am Gemengerot och Froen un de Schäfferot gestallt:

  • D’Maison des Jeunes Rued wollt eng Campagne de Sensibilisation politique virun de Wale lancéieren. Des Manifestatioun ass vum Schäfferot ënnersot ginn. Mir hunn dozou Explikatioune gefrot. 
  • Mir hu gefrot, ob ët d’Méiglechkeet gëtt, fir Kamerae bei d‘Grünschnitt-Container opzestellen, fir dass kee Sperrmüll méi an d’Container geheit gëtt. De Sperrmüll am Grünschnitt dreift nämlech d’Käschte vun der Entsuergung extreem an d’ Luucht, wat mir Bierger alleguer musse matbezuelen.
  • Mir hunn eis dofir agesat, dass eise Représentant an der Flughafe-Kommissioun sech dofir asëtzt, dass d’Konsequenze vun deenen neie Fluchroute serieux analyséiert ginn.