Gloria Waringo-Grünewald, 33 Joer
:
Ech hun d’daitsch Nationalitéit a wunnen zanter 2018 zu Menster. Mat mengem Mann an mengen 2 Kanner verbrengen ech gären Zäit an eisem Gaart, kucke menge Beien no an sinn an der Natur ënnerwee. Kulturell huet eis Gemeng vill ze bidden. Mat dem “Syrkus”, “Musek am Syrdall” an all de musekaleschen Leit an der Gemeng kann een nach vill schéin Evenementer plangen. Ech sange selwer an enger Chorale a géif mech engagéiere fir eis kulturell Offer fir all Alter an Interêt villfälteg ze gestalten.