Marie Rose Frieden-Kinzinger, 54 Joer
:
Ech wunnen zu Rued, si bestuet an hunn 2 erwuesse Kanner. Als Ouljer Meedchen hunn ech mäi ganzt Liewen an eiser schéiner Gemeng Betzder verbruecht. D‘Iddi vum regionalen, biologeschen a fairen Handel leit mir besonnesch um Häerz (Fairtrade-Grupp). Well ech gären aktiv mat aneren an der Natur ënnerwee sinn, wëll ech mech fir e gesond Klima an eng besser Liewensqualitéit asetzen.