background background

Betzder

Budget2023

Dest ass eng Déklraratioun mer am Numm vun den 2 Fraktiounen aus der Oppositioun machen. Mir haten ons am Virfeld zesumme gesat fir iwert den Budgetsentworf ze diskutéieren.

Als eischt wollte mer Merci soen fir e bessert Anhalen vun den Délais’en, domatt ass ermeiglecht gin, dass mir besser Zeit haten fir ons den Entworf unzekucken an et wor meiglech, den Rapport vun der Finanzkommissioun ze consultéieren. Mir haten dat jo dat läscht Joer gefrot an dat ass jo dann och dest Joer esou berücksichtegt gin.

Mir soen och Merci fir all d’Explicatioune déi, wi an Teschenzeit gewinnt, am Viraus an der Arbechtssetzung ganz iwersichtlech a gudd présentéiert gi sin fir den Entworf ze erklären.

Mir hun allerdengs eng Rei Remarquen déi mer wollten hei erfierbrengen:

Als eischt wollte mer drun ereneneren dass an de läschte Joren emmer nees zu der Zeit vun der Budgetsoofstemmeng eng Rei vun Revendiketiounen gestallt gi sinn wou mer ob verschidde Sachen gepocht hun, déi mer gären réaliséiert hätten.

Mer mussen feststellen, dass dem och dest Joer keng Rechnung gedroen gin ass. Mam Risiko fir mech ze widderhuelen, (an dat heescht jo dass et nett fir d’éischt ass) wollt ech der hei e puer ernimmen ouni wellen zevill an den Détail ze goen:

  • Mir als Gréng haten gefrot fir dass en Projet soll gestart gin fir méi lokal’d Geméis unzbauen an dat och regional ze gebrauchen (z.B an der Maison Relais…)
  • Mir wollten eng Initiative fir dass d’Baueren Incentives sollte kréien fir méi Biodiversitéit ze bedreiwen
  • Mir hate gefrot dass eng allgemeng Sensibilisatioun fir Wasserspeuren sollt gemach gin. Esouguer an desem drechenen Summer ass do neischt geschitt. – Mir sin der Meenung dass d’Kommunikatioun do guer net geklappt huet. Do wir politeschen Courage neideg gewiescht fir d’Leit ob di prekär Situatioun obmierksam ze machen
  • Am Projet Photovoltaik hate mer gefrot dass d’Bierger sech kéinten um Projet bedeelegen, dat nett well d’Gemeng keng Suen dofir huet, mé well mer der Meenung sinn, dass een d’Awunner bei esou engem Projet onbedingt misst mat abannen
  • Am allgemengen ass d’Biergerbedeelegung net um Ordre du Jour. Och, di versprachen Informatiouns versammlung, déi seit Joren gefrot ass fir eng Verkéiersrégelung teschtent Haupeschhaf an Menster Bierger ze diskutéieren, ass nach emmer net gemach gin an dat bedauere mir.
  • An der Mobilitéit ass de Betzbus faale gelos gin, dat hat jo och seng Ursachen, mee et ass absolut keng Initiativ geholl gin fir en neit Konzept obzestellen wat sech villeicht besser bewährt hätt
  • D’Majoritéit huet et och net fir néideg gehal d’Kultur an de Virdergrond ze setzen. Déi 4% déi dofir am Budget extraordinaire virgesi sinn weisen méi ewéi genuch, dass et keng weider Visioun gëtt fir d’Kultur an der Zukunft méi ze fërderen
  • Mir haten gefrot fir dass eng Persoun soll agestallt gin fir sech em di Leit soll kemmeren déi riskéieren am Alter emmer méi isoléiert ze gin. Do ass neischt an den Dépenses extraordinaires virgesin .  De “Kümmerer” fir de Projet Bierg ass jo nett fir all d’Leit aus der Gemeng do.

Ech halen heimat ob mat deser Obzielung a wollt ob méi allgemeng Remarquen zum Budget 2023 agoen.

Dei aktuel Majoritéit huet sech an de läschte Joren jo ganz bewosst virun allem ob den Logement konzentréiert. Dat weist och desen Buget nees, wou 63% vum Extraordinaire fir de Logement sin.

Dat huet awer als Konsequenz dass de Budget zimlech exklusiv dofir gebraucht gin ass, an dass dofir aner wichtech Sujet’en an onsen Aan nett genuch considéreiert gi sin.

An och hei ginn et verschidde Punkten déi mir ernimme wëllen:

  • Et ass guer neicht virgesin fir ons eeler Leit déi net méi autonom sinn, an Zukunft an der Gemeng ze halen. Durch all di aktuell Projet’en si keng Moyens mi do fir den Bau, z.B. vun engem eegenen Altersheim, an d’An ze fassen.
  • Mir gesin am Moment eng Explosioun vun de Käschten. Bei engem groussen Undeel u Projet’en muss nogestëmmt gin. Di grouss Zuel vun aktuellen Projet’en mecht Suergen ob mar dat nach alles als Gemeng gestämmt kréien.  z. B. Eleng d’Frais d’Etudes fir dess Projet’en am Budget 2023 belafen sech ob 1,7 Mio€
  • Et wor richteg fir verschidde Projet’en zereckzesetzen (z.B. Logement zu Ouljen), mee wa mer kucken wéi verschidden Chantier’en finanziell komplett aus dem Rudder laafen (Café de l’Amérique & elo rue de la gare zu Ruedt) drängt sech emmer méi d’Fro ob, ob mer ons do nett iwerholl hun
  • D’Konsequenzen vun de villen Projet’en a kuerzer Zeit ass, dass dofir natirlech vill Personal huet missen obgestockt gin (wat jo och neideg wor) mee mir kennen sécher nett mat deem Tempo weiderfueren an deser Gemeng, esou dass iergendwann zevill Ressourcen do sinn. All di Projet‘en hätten missten vill méi an der Zeit gestreckt gin, mir soen dat jo haut net vir d’Eischt.
  • Et sin fir 28 Mio € Projet en route déi nett alleguer vun ons matgestemmt gi sin an et sollen der elo nach 2,6 derbeikommen.

Dest léist ons elo mat engem Boni PRÉSUMÉ (!) vun nach just 1,7 Mio & KENG (!) Réserve um Enn vum nexte Joer. Zousätzlech dozou rechent d’Gemeng mat engem nach passabelen taux d’inérêt , mee wee wees wou dëss taux’en um Moment vum Emprunt nach leien?

  • Virun engem decken Joer wor et nach esou dass mer geoot hun mer verdengen seouguer Suen wann mer léinen gin, ech mengen mir sin ons eens dass en dat haut ganz anescht muss gesin an dass d’Situatioun net méi esou stabel a viraussehbar ass wéi virun epuer Joer.

Et ass ons kloer dass en Deel vun dem Invest an den nexte Joren nees a Form vun Subventiounen erakennt mee an der Teschenzeit stinn mer ganz ouni Reserven do, an den Spillraum fir di next Legislaturperiod, virun allem déi éischt 2 Joer, ass extrem kleng.

Mir sin der Meenung dass ons Gemeng mat desem Budget un d’Grenzen vun der finanzieller Belaaschbarkeet geet an domatt guer keng Resilienz méi géint weider Krisen garantéiert.

Aus all desen Grënn Gronn wärten mir, di ganz Oppositioun, souwuel déi Gréng wéi och d’Demokraten géint desen Entworf stemmen.