background background

Betzder

Aktualitéiten

Notre travail au conseil municipal – traduction française

Our work in the municipal council – english translation

Unsere Arbeit im Gemeinderat – deutsche Version

Eis Aarbecht am Gemengerot

Hëlleft eis, eis Iddie virun ze dreiwen, gréng Politik ass och an der Gemeng wichteg! 

GËFF OCH DU GRÉNG! 

Wësst dir, dass d’Seancë vum Gemengerot public sinn, an dass dir kënnt lauschtere kommen ?

Infoblat 26-1 (Feb. 2026)

Léif Awunner
Zënter eisem leschten Infoblat hate mir 2 Gemengerotssëtzungen wou, ënner anerem, folgend Themen um Ordre du Jour stoungen

Apdikt zu Rued-Sir : mir si frou, dass endlech eng Apdikt an déi Al Gemeng zu Rued kënnt. An deem Kontext hu mir de méigleche Parkplazprobleem ugeschwat.

Wandmillen : Mir bedaueren, dass leider nëmmen nach just ee Standpunkt vu 4 méigleche fir eng Wandmillen iwwreg ass. Mir setzen eis mat dofir an, dass dee Projet ka realiséiert ginn.

Budget participativ: Mir ënnerstëtzen d’Initiativ vun eise Kolleegen vun der DP iwwer de Budget participativ. (50.000€ Budget vun der Gemeng fir eng Participatioun vun de Bierger méiglech ze maachen). Mir géifen eis wënschen, dass d’Biergerbedeelegung soll an all Beräicher, inklusiv a Verkéiersfroen ausgebaut ginn.

Intergenerationnelle Projet zu Betzder: mir hunn eis schwéier gedoe fir 4 zousätzlech Millioune fir de Projet Al Schoul zu Betzder ze stëmmen. Op Nofro krute mir déi zousätzlech Käschte vun 23% mam Bauindex erkläert.

Lutte contre le bruit : den Avis, sou wéi mir en am Gemengerot proposéiert kruten, war an der Form en „zahnlosen“ Tiger, deen eis net wéit genuch gaangen ass. Mir hunn eng aner Versioun proposéiert,
mat ënner anerem dass den Nuetsf luchverbuet respektéiert gëtt. Zum Wuelbefanne vun de Bierger gehéiert net nëmmen de Kaméidi dozou, mee och d’Klimaziler.

Budget : Et rächt sech elo, dass sou vill deier Projeten an de leschte Jore mateneen ugefaange goufen, an dass d‘Gemeng elo virun der Scholdemauer steet. Och wann déi eenzel Projete sënnvoll sinn, hätte mir
eis eng besser f inanziell Wäitsiicht an eng besser zäitlech Verdeelung vun de Projete gewënscht.
Op eis Initiativ hi kréie mir elo e reegelméissegen an transparenten Iwwerbléck iwwer d’Evolutioun vun de Käschten; duerfir hu mir de Budget matgestëmmt a mir wäerten och an Zukunft béi wichtegen an
néidegen Entscheedungen dof ir stëmmen. Dozou gehéieren och déi zousätzlech 5 Zëmmeren am Altersheim zu Jonglënster.

Infoblat 6 (Sept. 2025)

Léif Awunner

Zënter eisem leschten Infoblat hate mir 4 Gemengerotssëtzungen an 2 Aarbechtssëtzungen, den 23. Abrëll, de 4.,  den 21. an de  25. Juli an deene virun allem lafend Affairen thematiséiert goufen. 
2 Sitzunge ware ganz kuerz an hu virun allem Personal-Affairë betraff.

 Duerfbuttek beim Lis:  Et war eis ëmmer en Uleies, den Duerftreff an den Duerfbuttek beim Lis bei eis an der Gemeng ze hunn. Mir hunn dat Thema schonn am Gemengerot ugeschwat a mir begréissen, dass elo e Wee fonnt gouf fir dee soziale Projet, an domat den Duerfbuttek an Duerftreff déi nächst 3 Joer weider ze féieren. Et ass sécher, dass dee Projet nëmme ka bestoe bleiwen, wa mir en all ënnerstëtzen a wa mir och do akafe ginn.

D’Brasserie „de Monkel“ zu Ouljen ass eng Plus-value fir eis Gemeng. An der Konventioun huet d‘Gemeng proposéiert, dass de Restaurant samschdes a sonndes op wier, am Sënn vun engem familljefrëndleche Betrib. Dëst war de Wonsch vun der Gemeng, déi de Bedreiwer och esou ugeholl huet an esou vum Gemengerot gestëmmt ginn ass. Mir bedaueren, dass d’Ännerunge vun den Ëffnungszäiten (elo sonndes zou) net an aller Transparenz am Gemengerot diskutéiert goufen.  Ëmmerhin ënnerstëtzt d’Gemeng, an doduerch mir all, de Projet finanziell ganz staark.    

Ëmmer méi Bëschweeër gi gespaart a sinn net méi zougänglech zu Fouss oder mam Vëlo. Och wann den Entretien nët ëmmer an der Zoustännegkeet vun der Gemeng ass, fanne mir, dass Noerhuelungsgebidder ganz wichteg sinn, an dass um Gemengen- an um Nationale Plang misste Léisunge fonnt ginn, fir dass d‘Bëschweeër an de Menster Brill ze benotze sinn.

Freedefeier um Nationalfeierdag – ëmmer rëm hu mir am Gemengerot gefrot, fir d’Freedefeier duerch eng méi ëmweltschounend, déierefrëndlech an zäitgeméiss Variant z.B. duerch Lasershow oder Dronespektakel ze ersetzen. D‘Bedenke vum Buergermeeschter, dass dat an eiser Gemeng wéinst dem Findel net méiglech wier, treffen net zou. Zu Betzder, Bierg an Ouljen si guer keng Restriktiounen; zu Menster an zu Rued ass alles bis zu 50 Meter erlaabt.

Infoblat 5 (Mai 2025)

Léif Awunner

Wësst dir, dass d’Seance vum Gemengerot public sinn, an dass dir kënnt lauschtere kommen?

Zënter eisem leschten Infoblat hate mir 4 Gemengerotssëtzungen an 2 Aarbechtssëtzungen , den 20. Dezember, den 10. Februar, den 21. März an de 25. Abrëll, an deene virun allem allem lafend Affairen thematiséiert goufen. Et weist sech, dass manner Projeten ugestouss goufe well manner Suen do sinn

Budget 2025: No de Käschtenexplosioune verschidde Projeten am leschte Joer hu mir de Budget ganz genau gekuckt, mir hunn e schlussendlech matgestëmmt mat der Konditioun dass mir e reegelméissege Suivi vun de Käschte vun deene lafende Projeten kréien. Mir an de ganze Gemengerot an och dir Awunner, wëllen net méi iwwerrascht gi mat esou Augmentatiounen, déi schwéier ze verdaue sinn.

Reglement Taxen vun de Baugeneemegungen – och wa mir mam Prinzip d’accord sinn, dass Taxe sollen déi reell Käschten ofdecken, hu mir eis dofir agesat, dass déi vum Schäfferot proposéiert Erhéijungen vun den Taxe betreffend d‘Aurorisation de construire, net esou drastesch ausgefall sinn.

PAG – Mir begréissen, dass am Kader vun der Revisioun vum PAG dorop verzicht gouf, nei Flächen auszeweisen. D’Uertschafte sollen sech net wéi Spannebeen ausbreeden, mee et soll t’éischt op fräie Fläche an den Dierfer gebaut ginn.

Bëschkierfecht – Eis Fuerderungen no engem Neiamenagement vum Bëschkierfecht hu Friichte gedroen an et gouf en Ënnerstand gestëmmt.

Recyclingzenter Muertendall: mir begréissen deen neie Verrechnungssysteem, deen eng méi fair Verdeelung vun de Käschten fir d’Bierger mat sech bréngt. Och deen neie Rendez-Vous Ssystem versprécht nei onnéideg Waardezäiten ze vermeiden.

Betzder.lu: Och wann den neien Internetsite eng Partie Geld kascht huet, fanne mir et awer e wichtegt Instrument fir d’Bevëlkerung ze informéieren. Et ass wichteg, dass d’Informatiounen ëmmer à jour sinn. Och déi nei Onlinebuchungen vun de Gemengeninfrastrukturen kënnen de Veräiner an de Bierger hëllefen.

De Raider eleng geet nët méi duer!

Gréng Politik ass och an der Gemeng wichteg!

Gréng Politik ass och an der Gemeng wichteg!

Infoblat 24-4 (Dezember 2024)

Léif Awunner

virun de Feierdeeg wollte mir iech nach eng Kéier iwwer eis Aarbecht am Gemengerot informéieren an iech ganz schéi Feierdeeg an alles Guddes fir 2025 wënschen.

Wësst dir, dass d’Seance vum Gemengerot public sinn, an dass dir kënnt lauschtere kommen?

Zënter eisem leschten Infoblat hate mir 3 Sëtzungen a mir wollten iech iwwer déi wichtegst Saachen um Lafenden halen:

  • Käschtenexplosioun bei de Projeten: an der Sëtzung vum 22.11. hu mir misse méi wéi 15 Milliounen Devis supplémentaire fir verschidde Bauprojeten nostëmmen. Mir hunn eis et net liicht gemaach a mir hunn eis grëndlech informéiere gelooss  vum zoustännegen Service Technique iwwer d’Hannergrënn vun deenen Augmentatiounen. Bauindex, Liwwerengpäss, divers Imprevuen bedéngt duerch Krisen hunn d’Käschten an d’Luucht gedriwwen an zu Erhéijunge vu bis zu 50% gefouert. Mir hunn de Schäfferot gefrot, wat dat géif bedeite fir déi zukünfteg Finanzsituatioun vun der Gemeng. Mir wäerten dofir suergen, dass an Zukunft fir méi Wäitsiicht bei zukünftege Projete gesuergt gëtt.  
  • Règlement d’ordre intérieur:  eis Propose, dass all Partei hir Argumenter zu den Ofstëmmungen am Gemengerot kann am Gemengebuet public maachen, gouf am Règlement d’ordre intérieur net berécksiichtegt. Mir sinn der Meenung, dass de Buet iwwer d’politesch Aarbecht vun de gewielte Vertrieder muss informéieren. Mir hätten eis méi politesche Courage gewënscht.  
  • Gemengebëscher: d’Gemeng huet och d‘Responsabilitéit dofir ze suergen d’Weeër am Bësch, awer och am Brill an der Rei ze halen! Mat engem Bändchen e Wee ze späre kann net d’Léisung sinn.
  • SecondHandCorner: mir si frou, dass op eis Initiativ hin, de SHC nees all 2 Woche funktionéiert. Mir setzen eis dofir an, dass dee Projet weider entwéckelt a verbessert gëtt.

Léif Awunner, kommt mir engagéieren eis, trotz all den aktuelle Krisen, zesummen am neie Joer fir eng méi gréng Zukunft. Och um lokalen Niveau kënne mir vill erreechen, wa mir am nächste Joer 2025 zesumme probéieren eist Ëmfeld liewenswäert ze erhalen.

Infoblat 24-3 (September 2024)

Léif Awunner

Mir wëllen iech villmools MERCI soen, datt dir och rëm bei den Europa-walen ‚déi gréng‘ ënnerstëtzt hutt. Domat hutt dir wesentlech dozou bäigedroen, datt Tilly Metz säi Mandat ka weiderféieren.

Wësst dir, dass d’Seance vum Gemengerot public sinn, an dass dir kënnt lauschtere kommen?

  • D’Wiel vum Léierpersonal am Cycle 4.2 – de Buergermeeschter huet dem Gemengerot verséchert, dass keen Avis vun der Schoul géif virleien. Doropshin hu mir dee vun him proposéierte Kandidat gestëmmt. Et war awer en Avis do (mat engem anere proposéierte Kandidat), deen, aus eis net bekannte Grënn, ignoréiert gouf. Mir hunn de Buergermeeschter schrëftlech ëm Informatiounen ersicht a froen eis, firwat dee Punkt net nach eng Kéier op den OdJ geholl gouf. Nëmme wann all Informatiounen do si, kann de Gemengerot richteg Decisiounen huelen. Démocratie oblige.
  • Secondhand-Corner – mir haten eis am Gemengerot ugebuede fir den SHC als déi gréng Betzder ze iwwerhuelen. De Schäfferot huet decidéiert et ëffentlech auszeschreiwen. Mir fannen et wichteg, dass net méi sou vill ewech geheit gëtt an dass d‘Saache weider kënne gebraucht ginn, duerfir hu mir eis Demande als déi gréng Betzder gemaach.
  • Personal-Froën – Mir bedaueren den Depart vu Leit aus der Gemengenadministratioun déi scho laang an efficace do geschafft hunn. Et ass wichteg, dass alles gemaach gëtt fir erfuere Leit ze halen.
  • Kannergemengerot – Am Prinzip begréisse mir d’Iddi vun engem Kannergemengerot! Mir hunn awer géint Propositioun vum Schäfferot gestëmmt, well mir der Meenung sinn, dass d’Haaptzil – méi Matsproocherecht vun de Kanner an der Schoul – an der geplangter Form net, erreecht gët.
  • Gemenge-Finanzen – All Projet ass vill méi deier gi wéi mir e gestëmmt haten a mir verlaangen eng méi transparent a virsichteg Finanzgestioun, duerfir hu mir géint d’Augmentatioun vum Budget fir d’Paschtoueschhaus vun 2 Mio op 2,6 Mio gestëmmt.
  • Rond-Point Menster – Mir hu gefrot firwat de Rond-point am Agank vu Rued net méi naturfrëndlech beplanzt ginn ass. Hei ass eng Chance verpasst ginn, méi Biodiversitéit an eis Dierfer ze bréngen. De Buergermeeschter huet eis Recht ginn, huet awer gemengt, dat wier an derKompetenz vu P&Ch…

Greng Politik ass och an der Gemeng wichteg!

Infoblat 24-2 (Mai 2024)

Léif Awunner

Mir sinn zënter 1 Joer am Gemengerot mat dräi Sëtz vertrueden. Mat dem 2. Flyer fir dëst Joer wëlle mir Iech weider iwwer eis Aarbecht am Gemengerot um Lafenden halen. Dat maac

he mir mat dësem INFO-Blat an op eiser WEB-Säit.

An de leschte 3 Sëtzungen, de 26. Januar, 8. Mäerz an den 19. Abrëll, hu mir zu follgende Punkten eis Meenung gesot:

  • Budget / Scholden – genau wéi de Schäfferot si mir erféiert iwwer déi schlecht Noriicht vun de Gemengefinanzen an et weist sëch elo, dass eng méi viirsichteg Finanzpolitik wichteg gewiescht wier.
  • SecondHandCorner – mir bedaueren, dass de SHC net méi statt fënnt a mir hu schonn am Mäerz proposéiert, de SHC als déi gréng Betzder weiderzeféieren. Bis haut krute mir awer leider nach keng Zouso vun der Gemeng.
  • Duerch de Mëssbrauch bei de Grünschnittcontaineren weist sech, dass mir leider op de Wee vun enger méi strenger Kontroll musse goen. Mir hu schonn e puer Mol déi Fro am Gemengerot opgeworf a mir si frou, dass de Schäfferot och elo wëll mat op dee Wee goen.
  • Vandalismus um Schoulcampus – mir bedaueren, dass de Kontrakt mat der Sécherheetsfirma, déi fréier fir d’Sécherheet um Schoulcampus gesuergt huet, net méi verlängert gouf. Mir begréissen, dass am Gemengerot, eng gréisser Diskussioun doriwwer soll stattfannen.
  • Neie Logo/ Corporate Identity – mir fannen eng kloer Kommunikatioun vun enger Gemeng wichteg an dofir hu mir d’Propose vun der Gemeng matgestëmmt. Mir si frou, dass deen ongléckleche Begrëff vu “Syrdall Metropole” op eis Ureegung hin eestëmmeg ofgeschaaft an duerch “Syrdall Gemeng” ersat gouf. Mir sinn och am Aarbechtsgrupp „Internet-Säit“ fir eng besser Internet-Kommunikatioun vertrueden.
  • Menster Brill – mir si besuergt iwwer den Zoustand vum Trëppelwee ronderëm de Brill. Mir setzen eis dofir an, dass ee rëm ka sécher drop goen.
  • Dréchemauer zu Betzder – mir bedaueren, dass en Deel vun der eenzegaarteger Dréchemauer zerstéiert gouf. Mir begréissen, dass de Buergermeeschter bei der Verwaltung intervenéiert huet, an d’Zerstéierung vun dësem Biotop gestoppt gouf.
  • Recyclingcenter Muertendall – mir bedaueren déi laang Waardezäiten a mir froen, dass de SIGRE seng Responsabilitéiten hëlt an den Zenter all Samschdeg opmécht.
  • Betzbus – mir géifen eis wënschen, dass endlech, zesumme mat de Bierger, e richtegt Konzept fir méi eng geziilten Notzung vun dësem Service soll opgestallt ginn.
  • Wandmillen – Mir ënnerstëtzen de Projet vun der Gemeng fir 4 Wandmillen um Terrain vun der Gemeng opzeriichten. Mir suergen dofir, dass dëse Projet an aller Transparenz mat dem Bierger ausgeféiert gëtt.
New Logo

Den neie Logo vun der Gemeng Betzder

Greng Politik ass och an Europa wichteg! Dofir den 9. Juni – LËSCHT 12

Infoblat Januar 2024

Mir hate elo 2 weider Sëtzungen säit dem läschten Infoblat, an zwar den 17. November an de 15. Dezember.

  • Mir bedaueren, dass d‘Gemeng d‘Ausschreiwung fir d‘PV Anlag net gewonnen huet, an de Projet domat am Moment net realiséiert gëtt. Sou gëtt eist Zil vun der Energie-Autonomie net erreecht. Mir hunn dem Schäfferot un d‘Häerz geluecht, de Projet virun ze dreiwen. Mir hunn och d‘Decisioun de Principe vum Gemengerot matgedroe fir d‘Wandenergie an der Gemeng weider ze bréngen.
  • Nei Cité Schleedewues zu Bierg: Mir hu Prezisioune gefrot iwwert d‘Rechter, d‘Flichten an d‘Konditioune vun den zukünftege subventionéierte Wunnengen. Mir sollen am nächste Gemengerot eis Äntwerte kréien.
    Op eis Nofro hi krute mir confirméiert dass de Bëschkirfecht zu Ruedt net aus dem Juegdlous erausgeholl gouf, a bei der Juegd wéi all Bëschgebitt behandelt gëtt. Mir hunn och gefrot fir de Bëschkierfecht méi am Respekt vun der Trauer vun den Hannerbliwwenen ze amenagéieren.
  • Règlement d’Ordre intérieur
    Dëse Punkt hu mir op den Ordre du Jour bäisetze gelooss. Mir sinn der Meenung, dass de Fonctionnement vum Gemengerot mat engen „Règlement d‘Ordre Intérieur“ soll gereegelt ginn.(Kommunikatioun vun den Decisiounen, Initiativrechter vun de Gemengeréit, droit de réponse,
    etc.). Mir hunn dem Schäfferot eng 1. Propose virgeluecht.
  • Repair-Café
    Mir bedaueren d’Ofsoe vum Repair-Café an denn Duercherneen deen domat entstan ass.

Mir hunn am Gemengerot och Froen un de Schäfferot gestallt:

  • Freedefeier fir Sylvester: Mir hu gefrot, dass d‘Freedefeierverbuet fir Sylvester net soll opgehuewe ginn, an dat wéinst de bekannten Nodeeler beim Ofbrenne vun esou Produiten. De Buergermeeschter huet eis geäntwert, hie wär sech der Nuisancë bewosst, hie géif d‘Verbuet awer fir 10 Minutten ophiewen, mee gläichzäiteg och en Appell machen op d‘Freedefeier ze verzichten, an de Leit vertrauen, dass si sech dru géifen halen. Mir sinn der Meenung dass een d‘Leit d‘nächst Joer soll ëm hir Meenung froen.
  • Green Event Chrëschtmart: Op eis Kritik hi, dass um Krëschtmart eng (defekt) Generatrice als Stroumquell fir en „Green Event“ onglécklech ass, huet de Buergermeeschter eis verséchert, dass déi néideg Infrastrukturaarbechte fir d‘zukünfteg Fester géife gemaach ginn.
    D’Maison des Jeunes Rued: Mir hunn eis dofir angesat, dass d‘Personal am Jugendhaus opgestockt gouf an dass hire Budget net durch d‘Botzkäschte belaascht gëtt, sou wéi dat och fir déi aner Associatiounen de Fall ass.
  • Landwirtschaft: Am neien Naturschutzgesetz muss all Exploitant 3 m vun all Flosslaf a Baach ewech bleiwen! Mir hu gefrot, op d‘Gemeng net ka proaktiv de Baueren hëllefen sech ggf. mat dëser Reegel konform ze setzen. Fir eis ass et eng wichteg Mossnam fir d‘Biodiversitéit ze erhalen.
  • Lotissement W&P zu Bierg: Mir hu gefrot, ob ët Probleemer mat de Waasser- a Kanaluschlëss am Lotissement W&P zu Bierg gëtt . Mir fäerten, dass op de Keefer Fraise vu bis zu 20.000.- € duerkommen.
    Mir hu gefrot fir dass d’Prozeduren, fir e Gemengesall ze reservéieren, solle vereinfacht a beschleunegt ginn an déi ganz Prozedure sollen online gemaach kënne ginn.

Infoblat Oktober 2023

Mir hate bis elo 2 Sëtzungen, an zwar den 22. September an de 6. Oktober. Zu folgende Punkten am Ordre du jour hu mir eis Meenung gesot:

  • Création des Commissions consultatives communales.
    • Elections des présidents de commission
    • Op eis Initiativ hi, bestëmmen elo d’Kommissioune sëlwer hire President, an net, wéi virgesinn, de Schäfferot.
    • Mir hunn eis géint d’Iddi ausgeschwat fir d’Finanzkommissioun  an d’Urbanismuskommissioun ze integréieren. Mir mengen dat sinn 2 verschidde Kompetenzen, déi vun deene jeeweilegen Experte solle beschafft ginn. Leider ass déi Propos net ugeholl ginn.
    • Mir waren och dogéint dass Sport, Kultur an Tourismus vun enger eenzeger Kommissioun ofgedeckt  gëtt. Mir brauchen e Maximum Interesséierter an all eenzelem Beräich. Eis Propose  fir  separat Kommissiounen ze maachen, ass net akzeptéiert ginn!
  • Nomination des délégués auprès des syndicats de communes (SIDERE, SIGRE, SIAEG, SIDEST, …)
    • Mir hunn eis Kandidatur fir all Syndicat gestallt, mee  leider huet d’politescht Spill gemaach, dass mer quasi a kengem kënne matschaffen. D’Majoritéit huet hir Leit eragewielt.
  • Création d’une „Corporate Identity“ 
    • Mir hunn deem Punkt e positive Vote ginn. Mir fannen eng koherent Kommunikatioun wichteg, mee mir hunn als Konditioun gesat, dass iwwert den Titel „Syrdall-Metropol“, deen d’Gemeng sech säit kuerzem selwer ginn huet, eeschthaft diskutéiert gëtt. 
  • Création d’un agent municipal
    • Mir hunn an dësem Punkt eisen Accord ginn, wëll mer mengen, dass dat zur Sécherheet an zum besseren Zesummeliewe ka bäidroën.
  • Relevé des Manifestations desservies par le « Event-Bus »
    • Mir hunn zesummen den Tableau vun de Manifestatiounen ausgeschafft, déi an Zukunft vum Event-Bus ugefuer ginn.
  • Bei enger ganzer Rei vu Punkten hu mer eisen Accord ginn. Dëst ware Konventioune mat Associatiounen, Kontrakter fir Terrainen ze kafen, an d’Prime Energie fir d’ Joer 2024 déi Bierger ënnerstëtzt, déi se brauchen.

Mir hunn am Gemengerot och Froen un de Schäfferot gestallt:

  • D’Maison des Jeunes Rued wollt eng Campagne de Sensibilisation politique virun de Wale lancéieren. Des Manifestatioun ass vum Schäfferot ënnersot ginn. Mir hunn dozou Explikatioune gefrot. 
  • Mir hu gefrot, ob ët d’Méiglechkeet gëtt, fir Kamerae bei d‘Grünschnitt-Container opzestellen, fir dass kee Sperrmüll méi an d’Container geheit gëtt. De Sperrmüll am Grünschnitt dreift nämlech d’Käschte vun der Entsuergung extreem an d’ Luucht, wat mir Bierger alleguer musse matbezuelen.
  • Mir hunn eis dofir agesat, dass eise Représentant an der Flughafe-Kommissioun sech dofir asëtzt, dass d’Konsequenze vun deenen neie Fluchroute serieux analyséiert ginn.